Weideres iwwert mech
Also ech sin den 9. Dezember 1978 an der Staat gebuer, sin folglech am Stärenzeechen Schütze, mei brauch een wuel dann och net ze soen *fg*
Sin wei gesot en geckegen Mensch (krein ech op allefall oft genuch ze heiren), an sin fier sou zimmlech alles op. Get also och baal keen Thema wat mech net intresseiert, dat kann och de Grond sin fierwat ech bal emmer de Baak opstoen hun ;o) Sin eng Quasselstripp, sou lo as et offiziell *g* (och wann heiansdo nemmen Toperein rauskommen). Nujee, heescht awer lo net dass ech net och engem keint nolauschteren :o) Ajo, dat passt och gudd well sin vun Natur aus eng deck Fierwetztuut :op
Majo, wat soll ech nach hei sou vu mer gin... Si wei gesot an der Staat gebuer, hun do an der Geigend och eng kuerz Zäit gewunnt, eier mer dun op Bous bei Reimech geplennert sin. Wei ech 7 Joer aal war sin mer dann awer an den Norde geplennert, an zwar op Woltz. Mee do as dann nach emmer net Schluss, well lo hänken ech e puer Kilometer nach mi wäit rop, an zwar zu Eschweiler, e klengt Kounascht wou et zimmlech bis extrem roueg as (ausser d’Kei dei heinsdo blären get et net vill Oofwiesslung *fg*).
Wat wells de nach wessen... Wat lauschteren ech gären fier Musek? Su zimmlech alles ausser Heimatmelodiesgedudels, schweieren Jazz, Camel-Family an dat “hongrescht-Schoof” Shakira... (mengen dat as jo bestemmt kee Feeler *g*) Wat ech allerdengs am leifsten lauschteren, dat sin denger wu de Bass gud hummert (well lo net heeschen därs Hardcore-Techno Gedengels, as heiansdo net iwwel, mee eischter sielen) Meeschtens lauschteren ech awer wei gesot alles meigleches wat aus den Boxen rausdudelt :o)
Wat guggn ech gären (ausser schei Fraleit =oP)? Kann een soen dass ech en Science-Fiction an Grusel-Thriller Freak sin. Also alles wat domadder ze din huet as bei mier wellkomm.Kucken awer och gären aaner Saachen, also och zu zimmlech alles kunterbunt zesummegewürfeltes, an jo, ech gin et zou, och Mangaen an su Saachen à la Shrek an Company. (Muss einfach heiansdo sin *g*)
Thema Gefreiss... Wat bufft deen heiten gären? Hehe, also kann behaapten dass mäi Moo su eppes ähnleches as wei eng Superdreckskescht *g* Italienesch, Chinesech, Sushi asw. alles as wellkomm *g* gin just puer Ausnahmen, mee dei si sielen, probeiren och ganz gären onbekannt Gefreiss aus. Schaarf Saachen gin och emmer gären verdaut *g*
Dovun mol oofgesin dass et emmer schweier as sech selwer ze beschreiwen, fro einfach mol meng Kollegen, dei kennen dat vläicht bessi besser *g*
Hmm, wat soll ech mer hei nach lang d’fangeren platt tippsen, wannste mei wells wessen, leier mech einfach kennen :o)
Bei den Fotogalerien get et na puer Fotoen vu menger Persoun...
P.s. Och wann dat lo net sou riwwer komm as, mee ech kann och zimmlech serieux sin.
|