Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Anatomie
Root.lu - Websolutions

Draachen-Anatomie


Draachen faalen enner d´Kategorie vun den Reptilien. Sie sin zudeems dei greissten fluchfäheg Kreaturen dei eise Planeit besiedlen. Fier des grouss Kierpermassen an der Loft ze haalen, war et noutwenneg, dass den Draach sech aanescht entweckelt wei seng echsenarteg Verwandten.

Dei meeschten Draachen verfügen iwwer sechs Extremiteiten - fiischt Been, hennescht Been, an dei aussergeweinlech kräfteg Fliggelen. Des sin a sengen, och fier sou e Liewewiesen mat sou enger Greisst, ganz breeden Schellerblieder verankert. D´Fluchmuskulatuer vun engem Draach besteet aus seeldecken Muskelfaseren an as zu explosiounsartegen Kraaftschüben fäheg. Dat as och noudwenneg, wann den Draach mat engem Saatz mat sengen hennegten Been an d´Loft sprengt. Dann muss en säi ganzt Gewiicht mat senge Flilleken opfänken an iwwerwannen. Em d´Gewiicht ze reduzeiren sin dei meeschte Knachen vun engem Draach huel. Trotzdem sin se extrem stabil an zeih.

Dei gewalteg hennegt Been ennerscheeden sech vun den fiichten duerch hier Auslegung zuer Fortbewegung an duerch dei massiv Sprongmuskulatuer, dei se stetzt.

Hiere Knachebau gläicht deem vu villen Veierbeener. Den Daum as meeschtens zreckgebild an verkümmert - zumindest an den Dimensiounen vun engem Draach.
Et sollt een sech awer an d´Erennerung ruffen, dass se engem Draach et duerchaus ermeiglechen, sech an Tierm festzekrallen, oder ganz Heiser dermadder emzerappen. Dei fiischt Been sin eischter Hänn. Des als Been ze bezeechnen as aus folgendem Grond falsch: Se sin zimmlech zaartgliedrech an d´Fangerknachen sin zimmlech laang. Se ennegen oft an messerschaarfen, sechelartegen Klauen, dei den Draach elegant anzesetze wees. Souwuel am Fridden wei och am Krich.
D´Haaren vun engem Draach, dei en gären verziert oder mat Schmuck behängt, dingen net zuer Oofschreckung vun Feinden - mee zuer Kierperreinegung, mat där en Draach vill Zäit verbrengt.

D´Zänn vun den Draachen zeechnen des als Omnivoren aus. Sie kennen souwuel Fleeschkascht als och Pflanzenkascht verzehren. Hieren fuerchtbaren Rachen as reicht en den läschten Zännreihen mat groussen Malmzänn besteckt. Do fierdrun leien etlech Zännreihen mat messerschaarfen, dolchartegen Zänn.

Iwwerhalb vun hierer Schnauz leien d´Nüsteren vum Draach. Se kennen verschloss gin. Draachen verfügen iwwert en extrem gud ausgepregtenen Gerochssenn, an hun ganz grouss Nuesenöffnungen. Ennerhalb vun den Nüstern leien d´Vibrissen, tastensensitiv Hoer, dei et dem Draach ermeiglechen, seng Nahrung ze ertasten.

Draachen gesin zwar extrem gud, mee am Noberäich vun hierer Schnauz hu se en Blannefleck.

D´Schuppen

De Kierper vum Draach as vollkommen mat festen, glänzenden Schuppen bedeckt. D´Ausnahm liefert des Keier den Erddraach oder Gemengen Draach, dem den Schuppepanzer um Geneck an Bauch feelt - meiglecherweis eng Folleg vu senger gruewender Liewensweis. Fier säi mellen Ennerkierper ze schützen, dreit en ganz häufeg eng juwelebesaaten Broschtplatt. Mat Hellef vu sengem Speichel, deen iwwert eng aussergeweinlech Haftkraaft verfügt an deen en besonnegt op eidle Moo oofsonnere kann, pecht sech den Gemengen Draach kostbar Stäng op d´Geneck an op de Bauch. net alleng zum Schutz, mee och als Verzierung.

D´Schuppen sin fennefsäiteg, ongefeier vun der Form vun enger Trein, mat zwou mei laangen an zwaou mei kuerze Säiten, die kierzte Säit as un der Haut befestegt. Den Draach kann seng Schuppen wellentlech opstellen, bespillsweis fier sech ze botzen. Et sollt een nie vergiessen, dass Draachen zimmlech renglech Wiesen sin, dei vill Meih dorobber verwennen, Haut an Schuppen propper an gepflegt ze haalen. An hierer normaler Positioun iwwerlappen d´Schuppen eneen ganz dicht, dank enger klenger Verdeiwung an hierer Oberfläch fügen se sech gudd aneneen an erlaaben dohier eng perfekt Bewegungsfräiheet. Wann een sou eng Schupp mei no betruecht, sou kann een folgend Charakteristika ausmaachen: Den bannegten Deel besteet aus enger kompakten, hooregen Struktur, dei fest an der Epidermis (Haut) verankert as. Un den Hoerfolliken setzen kleng Drüsen, dei eng Substanz oofonneren, dei sech fest op d´Haut uleet.

Des Substanz as besonneg räich un Mineralien, vun deenen d´Härt an och d´Faarw vun den Schuppen oofhängt. Dei baussegt Uerwerfläch as vun enger horneger, duerchschengender Struktur, dei fier den typesche Glanz vun den Schuppe verantwortlech as.

Am Geigesaatz zu deene meeschten aaneren Reptilien muss sech den Draach net heiten, well seng Schuppen matwuessen an automatesch erneiert gin, ganz ongefeier sou wei dei menschlech Hoer oder Neel. Ausser an Fäll vun besonnegten Krankheeten gin se net vum Kierper oofgestouss.

QuerschnettQuerschnett:

     1.duerchschengent, horneg Oberfläch         3. hooreg Struktur

     2. Bannefläch                 4. Iwwerzuch vu gefierwten Mineralien

Dropsiicht:

Dropsiicht     1.duerchschengent, horneg Oberfläch

     2. hoerähnlech Wuerzelen

     3. Verdeiwung, an deenen d´Schuppen aneneepassen

Fierwungen

Et as onmeiglech, all dei onzieleg Faarwschatteirungen opzeleschten, dei fier dei strahlend Fierwung vun engem Draach verantwortlech sin, mee et kann een dei dräi wichtegst Faarwkomponenten zesummefaassen:

Blo-tein...

vun Donkelblo iwwer Selwer bis zu Perlmutt

Roud-tein...

vun Koffer iwwer Donkelroud bis Reidlech-schwaarz

Greng-tein...

mat androcksvolle Meschungen aus Greng a Giel, souguer mat donkelbrongen Schatteirungen, Smaragdgreng an poleiertem Gold.

 

Obwuel des dräi grondsätzlech Faarwgruppen net mateneen vermescht gin, kann een d´Fierwung vun engem Draach wuel kaum als eefaarweg bezeechnen. Generell weisen seng Schuppen verschidden Schatteirungen enger vun desen Grandfierwungen mat engem metalleschen Glanz, deen sech nemmen schweier beschreiwe leisst. Wann d´Schuppen bleech an onduerchsichteg erschengen, sou as dat secherlech e sechert Mierkmol fier en schlechten Gesondheetszoustand. Vill Draachen sin duerch hier erfierstiechend Faarw vun hieren Schuppen bekannt gin.

IMAG0000