Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Astronomie
Root.lu - Websolutions

Stärebild “Draco”


Stärebild

Den Draach as eent vun deene greissten an eelsten Stärebiller iwwerhaapt, mee enthält awer nemmen liichtschwaach Stären. Et erstreckt sech an RA vun 9h 22min bis 20h 24min an an DEC vun +47° 30´ bis 86° 30´ an get dobei vun de Stärebiller Klenge Bier (Ursa Minor), Giraffe (Camelopardalis), Grousse Bier (Ursa Major), Rinderhirte (Bootes), Herkules (Hercules), Leier (Lyra), Schwan (Cygnus) an Kepheus (Kepheus) emschloss. D´Stären am Kapp kulmineiren em den 22.Juni geint Metternuecht.

sternbilddraco

Mythologie

Den Draach gouf schon als Schlaang, Flosspärd oder an Indien als Krokodil bzw. Alligator gedeit. Dat heidegt Stärebild as fier d´eicht an Mesopotamien als gefliggelten Draach opgetaucht. Den griecheschen Philosoph Thales (6.Jhd. v. Chr.) huet em jedach d´Fliggelen oofgeschnidden, dei hien zum Klenge Bier (Ursa Minor) gemaach hat.

Draco huet den Draach duergestallt, deen d´Männer vun Kadmos embruecht hat, dei zum Petz vum Ares (röm.Mars) gescheckt goufen, fier Waasser ze huelen. Kadmos hat den Draach erschloen an huet seng Zänn ausgeseint, dei zu bewaffneten Krieger goufen. Et huet een se dofier och "geseintenen Mann" oder och Spartaner genannt, d´Fierfahren vun den Thebaner.

An aaneren Interpretatiounen stung en fier den Draach Ladon, deen vum Herakles (röm.Herkules) embruecht gouf. Herakles, deem dem Eurystheus gedengt hat, sollt gellen Äppel vun dem Baam huelen, deen d´Hera bei hierer Hochzäit mam Zeus vun der Erdgöttin Gäa erhaalen haat. De Baam gouf vun den Duechteren vum Titan Atlas, den Hesperiden, gepflegt an vum Ladon bewaacht. Vum weisen Mieresgreis Nereus hat den Herakles de Root erhaalen, d´Äppel net selwer ze plecken, mee em d´Hellef vum Titan Atlas ze bieden. Heraklech hat sou den Draach embruecht an sou de Wee fier den Atlas fräigemaach. Hera huet em den Draach getrauert an huet en un den Himmel versaat.

An enger aanerer Erzielung handelt et sech em deen Draach, deen den Titanen am Kampf geint d´Götter vum Olymp bäigestaanen hat. No zengjähregen Kämpf stung den Draach der Göttin Athene (röm. Minerva) geigeniwwer, dei en um Schwanz gepaakt an en geint der Himmel geschleidert hat. Do huet en sech um Himmelpol verknued, an as weinst er äiseger Keelt do festgefruer.