Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Erd-Draach
Root.lu - Websolutions

Erd-Draachen


* Gattung vun den heraldeschen Draachen *

Erd-DraachD´Spezies vun den Erddraachen stellt dei am wäitesten verbreedten Draachenart duer. Et handelt sech em gefliggelt Kreaturen vun enormer Kierpergreisst. Hier Gesamtfierwung as normalerweis grenglech-brong, d´Schatteirung vun den eenzelnen Schuppen kann vun zitrounegiel bis smaragdgreng reechen. E puer vun den Erddraachen kennen Feier späizen, och wann d´Kraaft vun hiere Flaamen net mol annäherend dei gewalteg Wierkung eri dei bei den Feierdraachen erreecht. Den Erddraach as vun zreckhaalender Natur an eischter introverteiert. Ausserhalb vun der Paarungszäit schätzt hien d´Gesellschaft vun sengen Artgenossen guer net an souguer dann och nemmen fier eng begrenzten Zäitspann.

Erddraachen pflanzen sech nemmen während de Reenzäiten fort, wann dei afrikanesch an asiatesch Wüsten mat Blumme bedeckt sin. Bei dese Geleigenheeten sammlen sech d´Männercher em ee Weibchen, dat zu sengem Hochzäitsfluch usetzt. Obwuel d´Weibecher emmer mei grouss sin wei d´Männercher, sin se an der Loft extrem gewandt. Wann sech d´Weichen an d´Loft erhuewen huet, get et vun de männlechen Draachen an enger Art Ballet vun auserlesener Loftakrobatik verfollegt. Den agilsten Draach schafft et bisweil d´Weibchen anzehuelen. Hien waard bis et seng Fliggelen bis zuer maximaler Spannweit ausgebreed hued, dann fend d´Vereenegung an hechster Heicht statt. Hien schlüpft ennert de Bauch vun der Geliebten an emarmt se an enger Verwecklung vun Fliggelen a Schwänz. Esou anenee geschlongen erreecht d´Puer säin Höhepunkt, während et am fräie Fall op d´Erd zourast. Reicht am läschte Moment, e puer Meter iwwert dem Buedem, trennen sech dei Verleiwten an strecken hier Fliggel zuer Landung aus.

No dem Hochzäitsfluch zitt sech d´Puer an d´Härz vun der Wüst zreck, wou d´Weibchen am waarme, fiichte Sand säin Nascht erriicht, an dat dann een eenzegt Ee oofgeluecht get. Et as ongefeier vun der Greisst vun engem Straussenee an komesch greng an gro gesprinselt. D´Weibchen verleisst d´Nascht, et as d´Saach vum Papp sech em d´Nascht ze kemmeren. Hien hällt d´Ee waarm, um d´Aushärdung vun der Schuel unzereegen. An der Zweschenzäit keiert d´Weibchen rem op d´Startplaaz zreck, wou all dei aaner Männercher op et waarden an d´Hochzäitsritual vu neiem begennt. Den Hochzäitsfluch get sou oft widerholl, bis all Männchen en Ee pflegen kann.

Allerdengs wärt aus all deene Paarungen nemmen een eenzegt neit Weibchen erfiergoen, well nemmen dat allereischt Ee enthält e weiblechen Embryo. Während d´Deeg fieru sech hi versträichen, ännert sech d´Fiichtegkeet vum Wüstesand, wouduerch et bei deenen zuläscht geluechten Eer zu Schwieregkeete bei der Aushärdung vun der Schuel kennt. Duerch des natierlech Auslees get sechergestallt, dass sech nemmen deijeineg Draache fortpflanze kennen, dei sech während deene freie Flich mat dem Weibchen paaren konnten. Wann sech d´Eerschuel zefriddestellend härte konnt an den Zäitpunkt vum Schlüpfen mei no kennt, zitt de besuergte Papp mam Ee an eng Regioun em, dei fier den jonken Draachennowues geegent as - üblecherweis an d´Bescher em den Mettelmierraum, wou et liicht as eppes ze friessen ze fannen.

D´Ee get do an ee Lach oder an enger klenger Höhl ausserhalb der Räichwäit vun Friessfeinden oofgeluecht, den Zougang get bis op eng kleng Öffnung verschloss. Den Draach kann elo, wou en eng secher Plaaz fonnt huet, endlech d´Ee fier eng kuerz Zäit verloossen. En joot awer niemols an der noer Emgeigend, fier dest Verstopp net präiszegin. Opmierksam iwwerwaacht en die gesamt Regioun, woubäi en meeschtens a mei greisser Höhlen flitt, fier net gesin ze gin.