Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Gold-Draach
Root.lu - Websolutions

Gellen-Draachen


* Gattung vun den Kaiserdraachen *

goldendragonDeen am meeschte vereierten ennert den legendären Draachenhelden as den Gellenen Draach. Seng Fliggel an Schuppen si vu gellenem Glanz, an obwuel en net zu den dräi groussen Elementer (Ärd, Waasser an Feier) geheiert, emfaasst en se dach op natierlech Weis. Hien as deen Draach deen em dei greissten Scheinheet zousprecht: hien as eenzegarteg, reng an perfekt. Weder d´Feier nach d´Waasser nach d´Loft sin him friem. Nemmen een Mensch as säi Frend, an nemmen dräi Ritter kruuten en jemols zu Gesiicht.

 

Em eis mat desem seltsamen Wiesen mei vertraut ze maachen, musse mer "d´Buch vum Gellenen Draach" konsulteiren, eent vun de gehellegte Bicher vun der Draachekultur.

"DeGellenen Draach huet sech niemols un iergendwelchen aggressiven Tätegkeeten bedeelegt. Onbefleckt an jidderlee Bezeihung as en ouni Feel an Tadel. Hien as de Wächter. Hien verdeedegt dat Verzauberten Schlass,  wou ee Ritter mat rengem Härz den Hellegen Kelch en Ergiewenheet bewaacht. Den Hellege Kelch as d´Daafbecken vum Fridden, der Natur an dem Liewen. E gouf fierun den Aen vun de Menschen verbuergen, well se senger net wärt waren. Nemmen dräi Ritteren war et vergönnt, en ze erreechen, an nemmen een vun hinnen, dee fräi vu Senne war, gouf zu sengem Kinnek.

Fierun den erstaunten Aen vu sengen zwein Begleeder gouf desen echten Ritter zesummen mat dem Hellegen Kelch vun der Ärd geholl. Et gouf d´Verspriechen, dass dei zwein zu deem Dag, wou sech d´Bewunner vun deser Welt als würdeg erweisen geifen, zreckkommen geifen an d´Menschen vun desem Kelch drenken keinten.

De Gellenen Draach war derzou beruff, den Ritter zum Verzauberten Schlass am Härz vum Verstoppte Besch ze brengen an do iwwert en ze waachen, bis den Hellege Kelch zuer Ärd zreckkeire kann. Dann wärten sech all d´Draachen versammlen, fier hien ze treffen; op hierem Reck wärten reng Menschen setzen an se wärten zesummen dem Wächter vum gellene Kelch an dem Gellenen Draach hier Eier erweisen. D´Natur get vun hiere Wonnen geheelt, Angscht an Haas wärten verschwonne sin, Jongfraen an Draachen wärten Frenn sin. Den Zäitalter vum Fridden wärt dämmeren, getaucht an den gellenen Glanz vum Hellegen Kelch an sengem liewensspendenden Liichts."

Dese Mythos weist däitlech Iwwerteneestemmungen mat der Legend vum Hellegen Gral an dem Sir Galahad - vläicht en Zeechen derfier, dat Draachen an Poeten hei aus enger Quell schöpfen an dass den Hellege Gral wierklech existeieren keint.