Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Waasser-Draach
Root.lu - Websolutions

Mieres- Sei- oder Waasserdraachen


*Gattung vun den heraldeschen Draachen*

Des Draachen haten sielen Fliggelen, dofier  awer Schwammhäit, a waren de Schreck vun all Seifuerer. Des hun oft vun "Seischlaangen" bzw. "Seiongeheier" geschwaat.

WaasserdraachDeelweis waren des Mieresdraachen sou grouss dass se ganz Galleounen mat sech an d´Deift gerass hun. Et gouf sech erzielt dass des Draachen hier geklauten Schätz an Höhlen

deif um Mieresgronn verstoppt hun. Ausserdem soll dat versonkent Atlantis vun deser Draachegattung bewaacht gin.

Den populärsten Waasserdraach as - ouni Fro - d´Nessie.

Dat typescht Heem vun engem Waasserdraach besteht aus enger Höhl, dei awer nemmen duerch en Agang ennert dem Waasserspiggel ze erreechen as. Komecherweis as et am Enneren vun der Höhl emmer drechen, de Buedem as mat rengem Sand ausgeluecht, deen den Draach selwer vun der Plage mat eran bruecht huet. D´Höhlesystem as mei grouss an mei geschmackvoll ageriicht wei bei aaneren Draachen. D´Reim sin mat Pärelen, Korallen an Schmuck verscheinert, dei de Besetzer iwwer Joer gesammelt huet, an mat deenen hien säin perseinlechen Ariichtungsstil verwierklecht.MierSeiDraach Stalaktiten an Stalagmiten sin o Deel vum Höhlendekor, och gin konschtvoll arrangeiert Vasen mat Blummen zuer Gestaltung vum Raum agesaat. Oft fleisst en ennerierdeschen Stroum duerch d´Höhlesystem. Den Draach schwemmt doranner an seng Sklaven kennen dervunner drenken oder sech bueden. D´Famill vun engem Waasserdraach as kleng mee erliesen. Normalerweis get se vun Waasserkreaturen gebild, dei nemmen weineg iwwert magesch Kraaft verfügen, vu Molchen an och e puer Menschen. Enner dese Menschen fannen sech Poeten an Troubadouren an heefeg och seng Härzensdamm. Des as souwuel seng Maitresse wei och Sklavin, sie liewt emginn vun engem ausgesichten Hofstaat aus Zofen, Dieneren an Knappen. Wann den Draach Menschen a senger Höhl behierbergt, sou schaaft en geweinlech eng kleng Öffnung, duerch dei se an- an ausgoen kennen. Seng Fierleift fier di schein Kenscht a seng exklusiv Nahrungsgewunnegten verlaangen et schleisslech, dass des Draachefamill bisweilen Kontakt zum Mensch huet.