Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Wosst de schon?
Root.lu - Websolutions

Wosst de schon dass...?”


Op deser Plaaz sin e puer mei kuerz Infoen, an Infoen dei a soss keng Kategorie gepasst hun, mee ze schued sin fier net erwähnt ze gin.

 

Wosst de schon, dass....

...dei persesch Zaldoten, wann se an de Krich gezun sin, rieseg Draachekäpp fieru sech hiergedroen hun, fier de Feinden Angscht ze maachen?

...d´Reimer roud Draachen op hier Kampfbanner gemoolt haten, fier hiere Geigner schon fiierun der Schluecht Angscht ze maachen? Sie hun des Banner dracones genannt, waat "Draachen" bedeit.

...d´Reimer während Triumphzich Papeierdraachen fleie loosst hun, deren hier oppe Meiler de Wand agefaangen an grimmeg gefaucht haaten?

...bei den Angelsachsen d´Heldendood, en Anführer ze erschloen mat dem Erschloen vun engem Draach verglach gin as?

...dei well Krieger am aalen Skandinavien, d´Berserker, hier Krichsscheffer "Drachenbarken" genannt haten an deren hier fiicht Säit mat Draachekäpp verziert haten, fier hier Feinden anzeschüchteren?

...d´Chinesen d´Dinosaurier freier fier Draache gehaalen hun? Sie erklärten sech därern Ausstierwen domadder, dass den Draachen fierum Himmelsportal den Antrett an d´Himmelräich verweigert gi wuer an dass se zreck op d´Erd gefall waren, wou se entweder duerch den Opprall oder mei speit un Nahrungsmangel gestuerwe sin.