Airbrush
Airbrush as en Hobby deen ech relativ speit fier mech entdeckt hun. Hun schon emmer gären gezeechent, mee dat war dann emmer just mat Bläisteft. Ech wärt lo su ongefeier reichten säit 2003 mat dem Airbrush eremhanteieren an experimenteirern, mee et mecht mer emmer nach Spaass. As emmer rem flott wann een mat eppes ufänkt an et wees een nie wat zum Schluss derbei erauskennt, as et gud gin oder huet een rem eppes vergarrelt a muss fresch ufänken? ;o) Nujee, kann soen dass et bis elo baal emmer gud gaangen as. Op deser Plaaz e groussen Merci un all dei Kollegen dei hiert Vertrauen a mech gesaat hun a mer verschidden Stecker vun hinnen uvertraut hun fier se vu mer sprayen ze loossen! Ech hoffen dier sidd all zefridden.
Wei sin ech derzou komm? D’Romy wat zu Treier amgaangen as ze studeieren hat mech eng Keier mat an e Buttek do gehol, an do haten se verschidden Modeller vun Airbrushen ausgestalt. Vue que dass mech dei Technik schon emmer zimmlech interesseiert huet, kruut ech do e Glenneren an d’Aan. De Recht kennt der Iech jo denken. Ech hat mech dun fier en Model vun Aztek decideiert. As en double-action Airbrush, dat heescht et kann een den Faarw- an Loftfloss mat engem Hiewel regleieren. Brauch een nawell bessi Zäit bis een do den Trick eraus huet, fier net alles wat een well sprayen vergarrelt. Bei desem Modell as et awer och meiglech en op single-action emzestellen, dat heescht et kann een de Faarwfloss op eng permanent Stärkt begrenzen, an just nach den Loftfloss mam Hiewel regleieren. Wat mech un desem Modell nach gereizt huet, dat as dass een d’Spetzten ouni weidere Problem direkt kann auswiesslen, sou kann een ganz schnell vun enger ganz renger Spetz op eng mei graff wiesselen, ouni vill Zäit ze verleieren. Muss soen dass ech bis elo ganz zefridde sin mat deem Steck, kann et och nemmen weiderempfehlen.
Faarwen: Bei den Faarwen benotzen ech haaptsächlech Acryl-Pigmentfaarw, dei speziell op Airbrush ausgeluecht as, an desem Fall “Aero Color Professional” vu “Schmincke”. Se brengen ganz gud Resultater an sin och mat Waasser verdennbar (as ganz praktesch), sin wann se bis gedrechent sin och bal net mei ufällech op Waasserafloss (ok, as net su praktesch wann een ausser dat wat een wollt sprayen och nach d’Fangeren matgesprayt huet). Fier den Aparillo an d’Spetzen ze botzen benotzen ech den “Aeroclean Rapid”, och rem vu “Schmincke”, deen leist och no bessi Awierken loossen dei gedrechent Faarw am Airbrush oder an den Spetzen.
Wei kritt een eppes gebrusht? Tjo, do kann ech Iech just dei Tips gin dei ech bis elo op Probeiermaneier rausfonnt hun. Am bäschten maacht der et sou wei ech, dier schaaft iech mol bessi Lektüre iwwert Airbrush etc. un. Ok, mecht net vill Spaass sech do derduerchzekämpfen, mee et helleft engem awer enorm weider. Muss zwar och lo zougin dass ech am Ufank och nix gelies hun, ausgepaak, ugeschloss, an lassgedämpt. Meng Zemmerdier huet dun als Versuchsobjekt missen hierhaalen *g*. Mee iergendwann well een och aaner Saachen maachen, an dann kennt een net mei laanscht d’liesen erem.
Fier kleng a reng Saachen bidd sech d’Methoud un mat Maskeierfilm ze schaffen, dat as eng Art Pechfolie mat deem een d’Stecker oofpechen kann, an dann eben dei verschidde Plaazen dei een sprayen well, rauschneid. Dese Maskeierfilm pecht allerdengs nemmen ganz neelech, dat heescht et kann een en och rem op dei gefierwtene Plaazen oppechen, ouni dass en dann awer hanno d’Faarw matrappt. Scotch fällt also an desem Fall aus ;o) Natierlech kann een sech och aaner Masken aus deene verschiddensten Materialien bastelen, Karton, Overheadfolien, Taasen, Watt (fier Wolleken ze maachen as dei ganz brauchbar) etc. Et kann een op eemol mat allem wat an der Geigend su remläit eppes ufänken *fg* Et bleiwt nach ze soen dass een och mam Airbrush heiansdo net laanscht den normalen Pinsel kennt, also wann der iech derzou decideiert mat deem Hobby unzefänken, dei also net vergiessen ;o)
Et leisst sech och op zimmlech all Oberfläch an Material mam Airbrush eppes sprayen, fierausgesaat dass den Ennergrond fettfräi as. Thema propper: Et as ganz wichteg den Airbrush emmer direkt propper ze man an ze haalen, wann een nach vill Spaass dermadder well hun; wann dat Steck eng keier bis verknascht as get et schweier en rem propper ze kreien, nemmen als gudde Rod.
Op deser Plaaz wenschen ech jidderengem deen sech och mat deem Hobby well befaassen vill Gleck an fierun allem vill Spaass, an net am Ufank de Kapp direkt hänke loossen, duerch d’Feeler dei een mecht leiert een, an dat nach mei seier wei mat den Bicher ;o)
Wanns de eng Fro häss betreff Airbrushen, dann kontakteier mech, sin zwar kee Profi mee vläicht kann ech der jo mat dengem Problem weiderhellefen. Aanerersäits wann iergendeen vun Iech en Tip fier mech huet, scheck mer en ran, sin Dankbar fier alles :o)
|