Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

DJ'ing
Root.lu - Websolutions

Bass,Bass,wir brauchen Bass... *fg*

It goes round...and round...and round...Kann just soen DJ spillen mecht einfach mega Spaass. Just leider sou dass een wann een et als Hobby bedreiwt, net allzeoft d’Geleigenheet kritt en och auszeliewen. Egal, an wann et och nemmen op enger Gebuertsdaagsparty as wou een sech mol rem kann goen loossen, su as dat dach och schon net schlecht. Kennen do een deen och an deem selwechte Fall as, den Kai, deen huet dat Feiwer och gepaak an as och emmer ganz ouer wann et drems geet mol rem eng keier mat den CD’en ze jongleieren ;o)

Fierwat DJ? Ma sin e Mensch deen eigentlech mat der Musek liewt, och wann ech selwer keen Instrument spillen well dat net onbedengt heeschen dass ech domadder nix um Hutt hun. Ech liewen nu mol mat der Musek an mat den Gefiller etc. wat se vermettelt.

Wei sin ech dozou komm? Hu mech schon emmer fier dei ganz elektronech Saachen dei mat Meschpulter CD-Playeren asw. ze din hun intresseiert an hat mer dun eben och eng kleng zesummegewürfelten DJ-Anlaach zesummegebastelt. Meng Schwester hat mech dun eng keier gefroot fier op hierer Gebuertsdagsparty d’Musek ze maachen, an vun do un kann een soen dass ech och desem Hobby verfall sin.

An Zwechenzäit hun ech mat puer Kollegen och heiansdo op aanere Plaazen opgeluecht, net zuläscht wärend de läschte Joeren zu Esch-Sauer um Nuetsmaart (als Volontaire gud verstaanen). Kann soen dass et schon emmer mega Spaass gemaach huet, och wann een heiansdo net mol e Merci kruut. Egal wei, et war emmer flott. Um Nuetsmaart war et just emmer extrem schwiereg bis onmeiglech fier den goût vun de Leit emmer ze treffen, mee mengen dee Problem kann mer all DJ bestätegen.

Op allefall wärt ech deen Hobby do net opgin. Mol kucken weieng Geleigenheet sech su an Zukunft wärt bidden, an Kai, du bas jo secher rem dann och derbei, oder? ;o)

Puer Fotoen vun eisen Aktiounen stinn op der Säit vun den Fotogallerien.



 

Also fier mech as dee Jong einfach nemmen genial :o)