Webmaster: Draco

Last Update:

25.07.2006

Tuning
Root.lu - Websolutions

Jojo, den leiwen Tuning-Virus...

E "klengen" Draam a gielUgefaangen huet et bei mier souzesoen ganz kleng...mat Alu-Doorpins fier de Polo. An säitdeem kann een soen sin ech vum Feiwer gepaak, an muss och zougin dass ech och schon su munchen mat deem Virus ugestach hun. Fier mech mecht et einfach nemme Spaass sech säin eegene Brummi sou an d’Reih ze maachen wei een sech dat fier sech fierstellt. Ech muss och op deser Plaaz soen dass ech keen vun där Zort sin deen alles wat grad nei raus as vun Tuningsstecker och muss op säin Brummi knallen. Sin eischter deen Typ deen sech dei Stecker siche geet dei him einfach nemme genial gefaalen. Tunen mäi Brummi jo schliesslech sou dass en mier gefällt, een deem en net gefällt muss en jo net kucken :o)

Ok, fier dei Leit dei nix fier Tuning iwwreg hun, an soen dass dat souwisou nix brengt, an nemme Suen fresst, do kann ech just soen: Jo, dier hud recht, mee loosst dach jidderengem säin Hobby, as emmer nach besser wei wann een aaner Saache mecht dei lo wierklech schlemm wieren (dei iwwerloossen ech jo jidderengem senger Phantasie...). Egal wei, et mech mier op allefall gehierlos Spaass, fierun allem alles wat mat decken Anlaagen ze din huet ;o) Kollegen dei wessen dass ech en Bass-Fanatiker sin ;oP.

Meng “Opfer” wann een dat su kann nennen sin bzw.waren:

Meng eischt eegen Kescht, en aalen 205 1.4 mat 60ps (a Choke) *g* hun do leider net vill drun eremgebastelt, hat deen leider och net allzelaang (an nee, ech hun nen net bäigedreint). Emmerhin hun ech schon dei Zäit ugefaanegn eng kleng Anlag anzebauen, an hei an do puer Steckercher ze ersetzen. De Spetznumm vu mengem eischte Brummi (jo, en Spetznumm, mee gleewt mer, et sin net nemmen dei männlech Wiesen dei hierem Gefiert en Numm gin *g*) war “Spike”, en hat su puer pickeg Bulldoggen hannen op de säiten an hannen an der Fenster ;o)

Duerno koum mäin Polo, och en 1.4 mat 60 Hühkokoen, as net vill mee et beweegt sech fierun ;o) As en Typ 6N ouni Styling-Pack (am Orig.). Dat as deen wou et eigentlech su richteg bei mier ugefaangen huet eng “Krankheet” ze gin. As emmer een Steck bäikomm wat am Interieur geännert gin as, duerno nach deifgeluecht (60mm) an nach puer Stecker beim Exterieur gewiesselt. Vun der Anlaach dei do dran war, brabbelen mer leiwer net, soen just dass een scho baal mat Loftdrock hät kenne fueren *fg*. Dese Brummi hun ech nach, as oofgemellt an waart nemmen drop vu fier aus emgebaut ze gin.

Tjo, mäin aktuelle Brummi as en gielen Seat Leon 1.9 Tdi Sport, Typ 1M mat 110 Pärdecher (geet duer fier een gekraacht ze krein... ;o) ) Kann just soen as en bellegen Audi *g*. Hat och bis elo keng Problemer dermadder, an gleeft mer deen huet schon seng Kilometercher roof... Bei desem Brummi as dat eischt originalt Steck waat geweisselt gouf den Radio...kee Wonner, wann dat originalt Steck net mat den neien CD’en eenz get...nei CD kaaft, ageschmass an...-> ERROR

Muss jo awer net sin, aaalso, raus mam Dreck an en ordentlechen ran. An desem Fall en Blackpanel CD-Tuner vu Sony, as schon en scheint Steck, mee get wuel deemneechst ausgetosch (mengen deen huet seng bäschten Deeg hannert sech ;o) OK, weider mam Jabel, original as jo net dat flottst, also hun ech en Body-Kit vun JE-Design op den Brummi geschrauwt, mengen dat as ganz ansehnlech. Duerno koum dann och den Interieur an d’Anlaach drun, de Moment liicht et bannen bessi mei Blo wei am Ufank, an mecht och nawell zimmlechen Kameidi bannen ;o) De Moment sin ech amgaangen nach puer Saachen drun emzeänneren, wees just nach net weini dat ganz färdeg as, dass ech rem mam Polo kann ufänken *fg*

Ganz niewebäi hellefen ech och nach puer Kollegen wann se Problemer mam schrauwen hun, mecht einfach nemme Spaass ;o) Ajo, eier ech et vergiessen, deijeineg dei Ennergrondbeliichtung op hierem Brummi hun: Oppassen, as ganz schein, mee net op der Strooss wärend dem fueren umaachen, kascht 79 Kröten an en Besuch beim Police-Büro fier nozeweisen dass se roof sin (brabbelen aus Erfahrung, an ech kennen do een deen huet dei Erfahrung och schon gemaach, nedu Mike? *fg*)

Ech op allefall wenschen all Tunings-Begeeschterten vill Spaas beim schrauwen, an eng gud a belzefräi Saison!

Fier dei dei nix derfier iwwreg hun: as zwar schued, mee loosst eis dach einfach eisen Spaass, as jo net jiddereen nemmen op Posen aus. Sou wei mier eis Brummien embauen, sou ännert dier jo och verschidden Saachen vun Iech, an seff et nemmen en neit puer Schung etc. Kann een iergendwei domadder vergläichen, just dass eis “puer Schung” e besselchen mei grouss an mei deier ausfaalen.

An desem Senn, jidderengem vill Spaass mat sengen hobbien, an net vergiessen: Liewen an liewen loossen! :o)

P.s.: Fotoen fenns de bei den Fotogallerien.